der "kaukasische Owtscharka"

.. ein « HerdenSchutzHund »




Erzéihung

 

Erzéihung … ee sensibelt Thema !!

 
 

Den Herdenschutz-Hond léisst sech NET erzéihen !!
Dat kléngt den éischte Moment net gut, dohiir as et wichteg ze bedenken, dass net all Mënsch dat selwescht ënnert « Erzéihung » versteht.
Fest steht, den Herdenschutz-Hond as een aaneren "Typ Hond" wéi all aner Hënn, wéi zb Labrador, Schäferhond, Jack Russel, Chihuahua & Co – all déi méi oder manner bekannten Rassen, déi eis méi geleefeg sin als "Gesellschafts-Hënn" sin an der Regel ouni weideres erzéihbar am Sënn vun:
Sitz
Plaatz
Komm
Bleiw ... asw .. je, di üblech Komando'en déi de Mënsch dem Hond well bäibrengen fir d'Zesummeliéwen ze vereinfachen.

Beim HerdenschutzHond geht et drëms eng Bezéihung opzebauen (direkt vun deem Moment un wou de Mupp an d'Famill kënnt), baséierend op Respekt an Vertrauen - deen Een muss dem Aaneren absolut vertrauen, wann daat erreecht as, dann léist den HSH sech vun sengem Meeschter resp. Meeschteren féieren, an daat just durch Präsenz (Stëmm, Aankontakt an Gestik).

Wéi erreechen mer deen géigensäitegen Respekt?
Dat Wichtegst as, dass de Mënsch sech voll a ganz op säin Hond aléist, an seng Natur, säin Wiésen an seng Perséinlechkeet voll a ganz akzeptéiert ! All di aner Rassen - déi net zum Typ "Herdenschutzhond" gehéieren - passen sech méi oder manner gut un eist Liéwen un, den HSH mëcht dat NET, de Mënsch muss sech un den HSH upassen.

Den HSH brauch viirun allem en groussen Terrain, fir sénger Aufgaab "Bewaachen" - waat nunmol an sénger DNA verankert as - kënnen noozekommen. Heen muss kënnen am Gaart patroulléieren an kontrolléieren. An alles waat him ze noo kënnt gët un- an ver-billt bis deen oder daat rem fort as, daat kann e Villchen sin, eng friém Kaatz, Hond oder en aanert Déier, et kann awer och den Nooper sin deen durch säin eegenen Gaart trëppelt.
Den HSH entscheed eegestänneg - fir eis fläit net ëmmer nozevollzéien - an reagéiert sou wéi heen et fir richteg hällt.
..............
Bedenken:
réischt dann wann heen säi Meeschter als Alpha unerkennt, léist heen sech féieren. .

 

more to come ....