tipps
An dësem Blog fand Dir
Ureegungen an Tipps fir Hënn déi NET zum Typ "Herdenschutz-Hund" gehéieren
also wuelverstaan, et sin just Ureegungen wéi een matt sengem Hond ëmgoen kann, daat sinn also Viirschléi, näischt anescht.
verstoen
« wichteg am Emgang mat eisem Hond ass dass mir heen verstinn »
Een Hond as keng Spillsach déi een sech hëllt wann ee Loscht drop huet an rem eweg leet wann ee keng méi huet !
pësperen
.....pësperen??? ..hmm
Pësperen soll usech just eng Hëllef duerstellen: mir wëssen jo dass jäitzen näicht brengt an, an deenen meeschte Fäll verschlemmert
d'jäitzen d'Situatioun.
Waat also bewiérkt flüsteren, oder eben lues an roueg schwätzen:
commando'en
Engem Hond Gehorsam bäibrengen (sitz, platz, bleiw….a.s.w), also den Hond een "commando" léierern, daat iwerloossen ech gär dem Rudelführer, ech versichen just déi néideg Ureegungen an Erklärungen ze gin fir dass den Mënsch versteht wéi een Hond tickt fir dass Mupp lues a lues rem op seng Meeschter'en lauschtert an rem mat hinen kommunizéiert.
fidderen
Fudder-Zäit, ee wichtegen Moment
Och beim Fidderen gin et Regelen an Richtlinien fir dass eisen Mupp nit zum schlechten Iésser erzunn gëtt. Als Beispill, hei dem Bully an dem Campa hiirt "Feeding Ritual", awer als absoluten " must " firdéischt nach daat hei:
Nie Séissegkeeten an/oder Schokolat fidderen: Séissegkeeten sin gëft fir hiir Zänn an fir d'Mondflora; Schokolat ass Gëft fir hiire Verdauungsapparat (..kann enner Ëmstänn ällen ausgoen fir de Mupp...! )
Bei eis leeft et also folgender Mossen oof:
Eis Muppen kréien moies an owes ziéssen, zimlech emmer ëm di selwëscht Zäit. Sie kennen hiirt Ritual an wëesen, dass wann mir Mënschen beim Iéssen sinn, dass sie och geschwenn hiirt Iéssen kréien, kënnen sech also schon dorop astellen.
walken
Spazéieren goen, oder "walken"....
... as ganz wichteg an gesond zugläich - an daat och fir eis Mënschen, Mir kommen dobai an d'frësch Loft (an och eben an de Reen oder Schnéi hehe) an eise Mupp kann (soubaal mer am Feldwee sin) kann «Hond» sinn: schnofflen, schnofflen an schnofflen :-)
Trepplen goen mat eisem Mupp ass jo ouni Fro eng super Saach, awer nëmmen wann daat ouni Zwëschefäll oofleeft; anerfalls ass daat eng eenzeg Stress-Situatioun déi Hond an Meeschter schued.
Fir dass daat richteg flott gëtt, gin et och beim Spazéieren goen e puer Reglen un déi mir eis haalen fir dass eise Mupp wees wéi heen sech ze behuelen huet an waat heen duerf. Eise Mupp soll nit gläich d'Rad schloen vun Opreegung wann heen gesäit dass mir d'Lengt an d'Hand huelen, et ass och hei wichteg dass heen sech déischt berouegt.
Wann eise Mupp roueg ass dann léist heen sech och féieren, ass heen opgereegt mecht heen alles awer nit daat waat mir wellen – gemengerhand (durch eis Haltung/Astellung, bewost oder onbewost) verstärken mir dëst onerwënscht Verhaalen nach.