tipps
An dësem Blog fand Dir
Ureegungen an Tipps fir Hënn déi NET zum Typ "Herdenschutz-Hund" gehéieren
also wuelverstaan, et sin just Ureegungen wéi een matt sengem Hond ëmgoen kann, daat sinn also Viirschléi, näischt anescht.
Ech sinn weder Honds-Psycholog nach Hundeflüsterer - ech hun einfach just e gudden Droot zu Déieren, besonneg eben zu Hënn.
Schon als Bouf hun ech geléiert d'Kiérpersprooch vun engem Hond ze liésen an hun verstaan dass sie mat hiirem ganzen Kiérper kommunizéieren. Genau sou wéi mir Mënschen hun sie eng Mimik an setzen déi gezielt an, genau wéi och de Rescht vun hiirem Kiérper.
All Hond ass ee gudden Hond, an emmer sengem Meeschter trei ergin, daat eenzegt waat heen wellt as fair behandelt ze gin, sprëch matt Respect, Zuwendung an Zuneigung.
Et ass nit wirklech komplizéiert, et geht duer dass de Mënsch angesäit dass een Hond Regelen an Grenzen brauch an dass een sengem Hond soll matt Respekt begéinen an seng Gutmiddegkeet nit soll als Selbstverständlechkeet huelen.
Belounen soll een matt Zuwendung an Zuneigung am Platz vun Lekkerlie'en. Sech matt him oofgin an heen un eisem Liéwen Deel huelen loossen am plaatz vun: nee … reckel … nee … géi an dai Kuerf … verschwann … nee … loo nit … raus hei … nee nee nee nee … a.s.w ..
Vill Hënn réagéieren méi op NEE wéi op hiiren Numm => an daat ass nit weider verwonnerlech wann sie " NEE " méi oft héiert wéi hiiren Numm !
Sie wëllen einfach just derzougehéieren an een Deel vum "Rudel" sinn - Sou as ët dach och bei eis Mënschen, mir wëllen an eiser Famill jo och dozou gehéieren an matt Respekt behandelt gin.
Keen Hond an och keen anert Déier duerf
gewalttäteg an/oder agressiev behandelt gin.