der "kaukasische Owtscharka"

.. ein « HerdenSchutzHund »




dëst as e Blog mat Ureegungen fir den Ëmgang mat Gesellschafts-Hënn, also Nët-Herdenschutz-Hënn

Et kann sinn dass dat fir muncheen verwirrend as, awer et as wirklech sou dass den Herdenschutz-Hond anescht as wéi all eis bekanten
(oder wéineger bekannten) Gesellschafts-Hënn, als Richtlinn kéint daat heiten hëllefen:
déi Ureegungen an Rootschléi fir den Ëmgang mat Herdenschutz-Hënn funktionéieren och bei Gesellschafts-Hënn - awer net ëmgegréint !
 

Blog

pësperen

.....pësperen??? ..hmm

Pësperen soll usech just eng Hëllef duerstellen: mir wëssen jo dass jäitzen näicht brengt an, an deenen meeschte Fäll verschlemmert d'jäitzen d'Situatioun.
Waat also bewiérkt flüsteren, oder eben lues an roueg schwätzen:  
 
 
dodurch ass di negatief Energie vum Jäitzen (oder vum harden schwätzen) fort a mir kréien eng aaner Approche zu eisem Mupp an heen och zu eis, well eisen Hond réagéiert op déi Energie déi mir ausstrahlen:
- schlecht (négatief) Energie => Fehlverhaalen
- gut (positif) Energie => normal Verhaalen

Aleng domatt dass een eng positif an bestëmmt Energie ausstrahlt gett den Hond oft aus engem onerwënschten Verhaalen ereaus gerappt, an daat just durch den Volume an dem Toun an eiser Stëmm.
Kënne mer deem Ganzen dann nach eng roueg an bestemmte Energie bäisetzen, errechen mir dass eisen Mupp eis emmer nolauschtert.
Am eigentlechen Sënn ass Flüsteren nit wirklech daat richtegt Wuert, mee wann ee flüstert ass een normalerweis roueg an et huet een (obwuel d'Stëmm lues ass) een positiven Toun an der Stëmm. Richteg gesinn notzt Flüsteren nit méi wi roueg schwätzen: eisen Hond versteht jo nit eis Wiéder, mee all Wurt gëtt fir een Hond een speziellen Toun - aus deem Grond versteht een Hond oft een gewinntenen Kommando nit wann mir nit däitlech schwätzen, oder hees sinn oder wann mir eis d'Long aus dem Hals jäitzen.
Eisen Hond erkennt deen Toun wann heen ee Komando kritt, mee wéi soll heen deen Komando dann verstoen wann durch d'Jäitzen déi gewinnt Téin total verzerrt sinn? Wisou soll een nit jäitzen? Matt engem Hond jäitzen ass onsënneg, heen réagéiert op eis Kiépersprooch an wann mir jäitzen hun mir eng negatief Energie an eng negatief Kiépersprooch déi eisen Mupp falsch interprétéiert, doraus résultéiert een Verhaalen waat fir heen normal ass (Hondssprooch) mee fir eis awer (meeschtens) nit akzeptabel....generell bewierkt jäitzen de Géigendeel vun deem waat mir eigentlech vun him wollten. Vill Leit (ouni daat fläit selwer ze wëssen) strahlen beim jäitzen Aggressivitéit aus déi vum Hond als Erausfouderung gedeit kann gin oder als Schwächt - d'Problemverhaalen ass dann viirprogramméiert.

Wichteg:
Fir eisem Mupp mi no ze kommen mussen mir verstoen léieren wéi en Hond kommunizéiert! Hënn liéwen vum Geroch an réagéieren op visuel Reizer (Kiépersprooch) an réischt duerno op d'Akustik, also: richen • kukken • lauschteren

Beispill:
Wann mir heem kommen bei eisen Mupp, waat mecht heen dann?
- viirdéicht richt heen eis mol, domatt versicht heen rauszefannen (un deem Geroch dee mer un eis hun) matt weem mir Kontakt haaten an op ee Geroch derbai ass deen hien vläit kennt.... an heen hëllt eis Aura op fir raus ze fannen an waat fiirenger Stëmmung mir sinn - daat ganzt ass eng Saach vun nemmen e puer Sekonnen...
- dann kukkt heen eis Kierperhaltung an eist Verhaalen (emmer nach fir rauszefannen wéi mir drop sinn).
- an réischt duerno ass eisen Mupp op fir akustech Reizer.

Mir kommen heem an soen: "moien, ech sinn rem do" (oder eppes ähnleches) an hun dann gläich een verbaalen Austausch matt eiser Famill (eisem Rudel).
Daat waaten Mir 'verbal'machen, mescht eisen Hond matt der Nuess an matt den Aan.