Engem Hond Gehorsam bäibrengen (sitz, platz, bleiw….a.s.w), also den Hond een "commando" léierern, daat iwerloossen ech gär dem Rudelführer, ech versichen just déi néideg Ureegungen an Erklärungen ze gin fir dass den Mënsch versteht wéi een Hond tickt fir dass Mupp lues a lues rem op seng Meeschter'en lauschtert an rem mat hinen kommunizéiert.
Et geht jo dodrem dass den Hond säin Verhaalen ännert ma daat geet awer nëmmen zesummen matt deenen Leit déi den Hond féieren, well dodurch dass de Mënsch säin Verhaalen ännert (an seng Astellung), ännert sech d'Verhaalen vun sengem Hond.
Sou wéi bei Eis Mënschen kennen mir nit wëssen waat eisen Géigeniwer denkt, schwätzen mer dann vun engem Hond kennen mer jo nit mol secher soen ob een Hond denkt, sie hun sëcher eng "Denkweis" mee wéi et genau funktionéiert wees dach keen`!! ee FAKT ass jiddefalls dass een Hond réagéiert, an zwar op daat waat heen geséit an/oder empfënd oder eben wéi heen eis Approche interprétéiert.
Eisen Hond gët sëch vill Méih an hëllt sech vill Zäit fir Eis ze « studéieren » andeems heen eis nokukkt, Eis beobacht an mat der Zäit léiert heen wat Eis Kiéperhaltung, Eis Mimik an Eis Gestik bedeit... an lues an lues léiert heen Eis besser kënnen wéi mir heen!!
Muppen weisen Eis daat jo och, an sie verstellen sëch och nit, sie weisen matt hiirer Kiépersproch waat sie Eis soen wëllen, mir mussen Eis just Méih gin et ze erkennen an et rauszefannen.
Als éischt denke mer jo un den Numm vun Eisem Hond an nit dorun dass heen als éischt mol een Déier ass, wann et Eis kloer gët dass et kee "Mënsch" as (vill Leit, ouni et wirklech ze wëssen, "ver-mënschlechen" hiiren Hond...), dann gesinn mir och dass heen een Déier ass, dann kennt d'Rass an dann réischt den Numm.
