der "kaukasische Owtscharka"

.. ein « HerdenSchutzHund »




dëst as e Blog mat Ureegungen fir den Ëmgang mat Gesellschafts-Hënn, also Nët-Herdenschutz-Hënn

Et kann sinn dass dat fir muncheen verwirrend as, awer et as wirklech sou dass den Herdenschutz-Hond anescht as wéi all eis bekanten
(oder wéineger bekannten) Gesellschafts-Hënn, als Richtlinn kéint daat heiten hëllefen:
déi Ureegungen an Rootschléi fir den Ëmgang mat Herdenschutz-Hënn funktionéieren och bei Gesellschafts-Hënn - awer net ëmgegréint !
 

Blog

Fudder-Zäit, ee wichtegen Moment


Och beim Fidderen gin et Regelen an Richtlinien fir dass eisen Mupp nit zum schlechten Iésser erzunn gëtt. Als Beispill, hei dem Bully an dem Campa hiirt "Feeding Ritual", awer als absoluten " must " firdéischt nach daat hei:


Nie Séissegkeeten an/oder Schokolat fidderen: Séissegkeeten sin gëft fir hiir Zänn an fir d'Mondflora; Schokolat ass Gëft fir hiire Verdauungsapparat (..kann enner Ëmstänn ällen ausgoen fir de Mupp...! ) Bei eis leeft et also folgender Mossen oof:

Eis Muppen kréien moies an owes ziéssen, zimlech emmer ëm di selwëscht Zäit. Sie kennen hiirt Ritual an wëesen, dass wann mir Mënschen beim Iéssen sinn, dass sie och geschwenn hiirt Iéssen kréien, kënnen sech also schon dorop astellen.
Sie kréien näischt vum Dësch an gin och an der Géint vum Dësch nit toleréiert wann mir iéssen. Domatt verhënneren mir dass sie ufänken ze biédelen an/oder ze sabbelen, an och dass sie Eis eist Iàssen nit streideg machen. Well et ass jo och nit cool wann een beim Iéssen ass, alles gesäit lekker an appetitlech aus bis op emol eise Mupp sech reselt fir d'Sabblen lass ze gin déi dann dorouschter fléien an um Dësch, am Iéssen landen….
Daat vermeiden mir also domatt dass mir sie vum Dësch weghaalen während EISER Iéssenszäit, z.b kann een sie op hiir Plaatz schecken, oder raus op d'Terrasse (oder an de Gaart… eben eweg vum Dësch - daat gehéiert zu den alldeeglegen Regelen well Muppen Regelen brauchen.

Ech waien hiirt Fudder ëmmer oof, daat muss een nit onbedengt machen, mee déi Geräischer déi ech während deem machen, stellt sie drop an dass et gläich eppes gëtt. Fir sie ass daat och richteg Arbëscht an kascht Energie fir "gedelleg" op hiirt Fudder ze warden. Wann sie mech gesinn matt den Schosselen hantéieren an matt der Woo, sie héieren wéi d'Fudder an Schosselen fällt, alles daat seet hinnen dass et elo un hinnen ass. Awer wéi gesoot, et muss een et nit onbedengt oofweien, wann een eng gut A-mooss huet dann geet et och ouni Woo - Mee opgepasst, et huet een sech séier verdunn an zevill ginn :-)

Dann gin ech matt den Schosselen bei sie mee sie kréien se réischt wann sie nit méi opgereegt sin an einfach nemmen roueg setzen. Dann setzen ech d'Schossel néier an kukken nachmol wéi sie sech verhaalen. Wann keen irgendwelleg Ustalten mecht fir direkt drop zou ze stirzen dann gin ech hinnen hiirt Zeechen dass sie kennen friéssen kommen. An dann friéssen sie och roueg an gemälleg.

Stellt een hinnen awer elo d'Fudder dohinn wann sie opgerregt sinn an d'Fudder regelrecht fouderen (billen, un engem rop sprangen, ronderem rennen…souguer alt matt Agressiounen) dann friéssen sie nit, mee sie "inhaléieren" hiirt Fudder. An daat ass dann och een éischter geféierlechen Gemitszoustand, well suguer Hënn déi hiir Plaatz am Rudel akzeptéiert hun, kënnen ouni Viirwarnung beim Friéssen hiirt Verhaalen änneren wann se opgereegt oder ugespaant sinn wann sie hiirt Fudder kréien – well dann verteidigen sie just hiirt Iéssen.

Soubal sie färdeg sinn matt friéssen, also wann sie vun hiirer Schossel eweg gin, huelen ech d'Schosselen weg, och wann se nit eidel sin. Daat helleft hinnen d'Fudder nit als eng Selbstverständlechkeet ze gesinn mee errennert sie drun dass sie mussen schaffen fir hiirt Fudder (roueg, gedelleg an devot ze sinn ass fir sie arbescht..) an wann Fudderzäit ass, dann gëtt och gefriéss an näischt anescht. Noom Fidderen gin sie dann och nach matt Rouh geloos, wéinstens 1 gut Stonn lang.

Een Hond deen emol säi Fidder verweigert soll een Rouhdag oder Faaschtendag alee'en; frësst hien deen aaneren Dag och nach nit, dann huet daat eng Ursach, fläit huet de Mupp:

- e Problem mam Fudder, fläit souguer Fuddermettel-Intoleranz oder hee mescht eng Allergie op ee Bestanddeel am Fudder (as oft bei Fudder mat héigem Kärenundeel)

- nit daat richtegt kritt (oder Iéssräschter vum Dësch)

- oder heen huet einfach Verdauungsproblemer => wat ëmmer mol rem geschéien kann, sie friéssen jo munchmol einfach ALLES

An deem Fall soll een dann bei den Vitrinär goen an him genau soen waat de Mupp di läscht Deeg gefriéss huet an waat fir een Fudder heen normalerweis kritt. Zesummefassend kann een also soen:

Een Hond soll näischt vum Dësch kréien - schon guer nit während Mir nach um Iéssen sinn - an och Iéssensräschter sollen nit verfiddert gin well déi Liéwesmëttel déi Mir Mënschen iéssen sin nit op den Verdauungstrakt vun engem Hond (oder Katz) zougeschnidden an kennen zu Verdauungsstéierungen féieren déi zu Gewichtszunahme oder –abnahme féieren kënnen oder einfach nëmmen dozou dass de Mupp sech schlecht an niddergeschloen fillt. Een Hond gëtt beim Iéssen nit gestéiert, sou wi de Mënsch wëllt och den Hond dobai roueg sinn.

Een Hond kritt säin Iéssen nit wann heen biédelt, opgereegt as oder souguer agressiev. Réischt nodeems heen sech berouegt huet krit heen säin Fudder.
Eisen Hond kritt mam Iéssen och emmer frëscht Wasser – generell soll heen dee ganzen Dag iwer frësch Wasser zur fräier Verfügung hun,
Engem Hond deen emol nit friéssen wëllt drängen mir d'Fudder och nit op; dann gin mir him ee Faaschtendag.

an, wéi am Ufank gesoot: KEEN Schokolat an keng Séissegkeeten!!