der "kaukasische Owtscharka"

.. ein « HerdenSchutzHund »




dëst as e Blog mat Ureegungen fir den Ëmgang mat Gesellschafts-Hënn, also Nët-Herdenschutz-Hënn

Et kann sinn dass dat fir muncheen verwirrend as, awer et as wirklech sou dass den Herdenschutz-Hond anescht as wéi all eis bekanten
(oder wéineger bekannten) Gesellschafts-Hënn, als Richtlinn kéint daat heiten hëllefen:
déi Ureegungen an Rootschléi fir den Ëmgang mat Herdenschutz-Hënn funktionéieren och bei Gesellschafts-Hënn - awer net ëmgegréint !
 

Blog

Spazéieren goen, oder "walken"....

... as ganz wichteg an gesond zugläich - an daat och fir eis Mënschen, Mir kommen dobai an d'frësch Loft (an och eben an de Reen oder Schnéi hehe) an eise Mupp kann (soubaal mer am Feldwee sin) kann «Hond» sinn: schnofflen, schnofflen an schnofflen :-)

Trepplen goen mat eisem Mupp ass jo ouni Fro eng super Saach, awer nëmmen wann daat ouni Zwëschefäll oofleeft; anerfalls ass daat eng eenzeg Stress-Situatioun déi Hond an Meeschter schued.

Fir dass daat richteg flott gëtt, gin et och beim Spazéieren goen e puer Reglen un déi mir eis haalen fir dass eise Mupp wees wéi heen sech ze behuelen huet an waat heen duerf. Eise Mupp soll nit gläich d'Rad schloen vun Opreegung wann heen gesäit dass mir d'Lengt an d'Hand huelen, et ass och hei wichteg dass heen sech déischt berouegt.

Wann eise Mupp roueg ass dann léist heen sech och féieren, ass heen opgereegt mecht heen alles awer nit daat waat mir wellen – gemengerhand (durch eis Haltung/Astellung, bewost oder onbewost) verstärken mir dëst onerwënscht Verhaalen nach.

Mir mussen viirunallem ausgeglach, roueg an bestëmmt sinn iir mir matt eisem Muppes op den Tour gin well den Hond spiirt wéi mir drop sinn. Wann eis Ausstrahlung nit roueg an bestëmmt ass, interprétéieren vill Muppen eist Verhaalen an eis Stemmung als "Schwächt" an versichen daat auszegleichen andeems sie versichen d'Kontroll vum "Leithond" ze iwerhuelen. Do kënnt et dann och alt fir dass een Hond säin eegenen Meschter attakéiert, nit fir him eéi ze doen mee fir heen zurecht ze weisen am Fall wou heen mengt den Mënsch géing sech nit richteg verhaalen.

Daat muss nit onbedengt sou sinn dass heen zum Alpha-Hond opsteigt an definitiev den Kontroll vum Rudel iwerhëllt (vill Hënn wellen daat guer nit), nee, just fir d'Spazéieren goen well heen de Chef sin an machen waat heen wellt. Mee daat loossen mir jo nit zou well mir hun eise Mupp gär an hun verstaan dass heen Reglen brauch fir sech wuel ze fillen, also gin mir "richteg" spazéieren, an zwar roueg an ausgeglach.

Wann ech matt mengen Muppen raus gin dann as et sou dass sie allen 2 niéwend mir gin, op gläicher Héicht also; keen vun deenen 2 geht viirun mir oder zitt un der Lengt, an daat sou laang wéi mir am Duerf sin. Sin mir dann aus dem Duerf raus (fréier konnt een sie dann flitzen lossen, ma dofir hun mir haut eng Flexi-line oder eng Schlepp-lengt) dann kennen sie viiraus goen, schnoffelen, schnoffelen an schnoffelen... eben Hond sinn an sech sou behuelen.

Kommen aaner Leit entgéint, matt Hond oder ouni, dann huelen ech sie rem zrek bei mech an sie gin dann rem niéwend mir wéi am Duerf bis mir laanscht déi aner Spazéiergänger sinn, duerno kennen sie rem ganz Hond sinn. Kommen mir rem zrek an d'Duerf, wessen sie well dass sie mussen niéwend mir goen an machen daat och ouni weideres, well dann sinn se och schon bessi mid an dann huelen sie daat, waat mir vun hinnen wëllen, vill méi liicht un.

« Vill Spaß beim walken »